FAQ

http://www.mt.public.lu/transports/circulation/permis_conduire/index.html

Hei fannt dir all d’Informatiounen zu deenen verschiddenen Kategorien an Führerschainsklassen

  • Casque
  • giel Secherheetsveste derbai hun, 1/Persoun um Scooter

 

Mir recommandéieren zusätzlech:

  • Händschen
  • eng Veste mat Protectiounen

 

Alles vun Helm bis Schong fannt dir an eisem Shop ennert der Kategorie ‘Accessories’

https://www.sunlux.lu/product-category/accessories/

Den Prais vun der Assurance hängt vun ärer Compagnie d’Assurances oof. Et kann een awer dovun ausgoen, dass eng Haftpflicht em 120€/Joer fir eng 50cc kascht.

  • fir 50cc:  aktuell keng Casco meiglech
  • fir 125cc: Casco meiglech, Prais ass vun ärer Compagnie d’Assurances an vum Neiwärt vun ärem Scooter oofhängeg

Jo, daat kennt dir.

Am Wanter mam Scooter fueren erfordert awer nach mei dei neideg Opmierksamkeet an Secherheetsequipement. An och do, wann d’Stroossenconditiounen ze schwiereg gin ass et besser den Scooter stoen ze loossen.

 

Protectiounen geent d’Keelt, wei z.B. Been-Schutz, Jacketten… fannt dir an eisem Shop ennert der Kategorie ‘Accessories’

https://www.sunlux.lu/product-category/accessories/

Fir är Secherheet empfehlen mir mat Wanterpneuen ze fueren, aktuell sin awer nach keng vum Gesetz hier obligatoresch.

Neen. En Electro-Scooter ass en normalen Scooter an och bei Electro-Scooter muss den Code de la Route agehaalen gin.

  • Fir 50cc: Vum Gesetz aus verbueden. Mir empfehlen 50cc fir den urbanen Verkeier wou d’allgemein Vitesse net iwwer 60km/h ass. (Maximal Vitesse fir eng 50cc leit bei 45km/h)
  • Fir 125cc: Vum Gesetz aus erlaabt. Mir empfehlen awer och do dest ze éviteieren well d’Vitessedifferenz zu deenen aaneren Verkeiersteilnehmer ze heich ass. (Max. Vitesse vun enger 125cc leit bei 90km/h)
  • Fir iwwer 125cc: Vum Gesetz aus erlaabt, vue que dass des Scooter ouni weider Probleemer mam Traffic matfueren kennen

 

Mir empfehlen sech fir deen Scooter ze entscheeden, deen un dei alldäglech Benotzung an Besoin’en ugepasst ass.

Neen, den Kumpan 1950 fällt ennert d’Kategorie vun den Velo’en. Dofir braucht dir och keen Führerschain fir mat desem ze fueren.

Des Informatiounen sin all ouni Garantie.

Fir weider Froen kennt dir eis gären kontaktéieren.